Serge Tonnar à l'Inouï

Publié le par Paul Moes

Mardi 01 et Mercredi 02.juillet 2008 à 20:00 à l’Inouï à Rédange

 

 

SERGE TONNAR & LEGOTRIP
Am Virprogramm: Dëppegéisser

 

Serge TONNAR vocals & guitar, Rom CHRISTNACH bass, Eric FALCHERO piano, Jorsch KASS percussion


De Serge Tonnar kënnt neess an den Inoui, dës Kéier mat sengem neie Solodisk mat egene Lidder op Lëtzebuergesch am Gepäck: "Pärele bei d'Sei". Live spillt en zesumme mat senge Kollegen vun der Musekskappell "legotrip": de Rom "Wäissen" Christnach" hällt de Bass, den Eric Falchero klimpert op den Tasten an diverse Säiten an de Jorsch Kass knuppt op alles wat soss Kaméidi mécht. Nom Erfolleg vum éischten Album (legotrip, 2003), an dem Ënnergronn-Hit "Ee Mann, ee Wuert" (mam Jean-Claude J., 2006), huet et laang gedauert bis d'Pärele bei d'Sei zeideg waren. D'Jonge waren nämlech zimlech vill mat ZAP ZOO ennerwee, an do huet momentan missten d'Zap zou gemaach ginn fir aner Pärelen woussen ze loossen. An dësem neie Programm huele se Iech mat op d'Danzpist, wou en ofgekackte Beat nach déi al Kollegen um Dill hällt, an et gëtt vum Herrgott e Kuss, kuerz virum allerleschte Slow op der Kirmes am Duerf. Musekalesch geet et vum Thé dansant an engem ale Casino iwwer Russland an d'Diskothéik, an da gëtt d'Scheiw gewiësselt.

Ennerstëtzt gi si vun der neier lëtzebuerger Revelatioun, den Dëppegéisser déi, ganz an der Traditioun vun de Vertrieder vun dësem verschwonnene Beruff, vun Dir zu Dir zéihen, allerdengs net mat Dëppen, ma mat hirer Musek. Hei geet et hier wéi fréiher op der Uucht an d'Rees geet bei de Straubejitzert, oder mam Fern op Lourdes. De Michel, de Luc, de Pitt an de Bobby huelen d'Leit op d'Schëpp a sech selwer net ze eecht. Wann Dir nach al Dëppen oder Besteck hutt, kënnt Der déi matbrengen. Flécken kascht en Iessen an eppes ze drénken. A wann Der iech schéckt, zielen se Iech och eppes vun hirer Frëndin hirer Miissi.

 

Serge vient du rock. En tant qu'auteur-compositeur-interprète, il sillonne les scènes et produit des albums depuis 1985. En 1996 commence une carrière parallèle en tant que compositeur pour la scène. Le théâtre ne le lâche plus, il est acteur, auteur, metteur en scène ou producteur. Depuis 2000 il compose aussi pour le film. Serge est co-fondateur du collectif d'artistes MASKéNADA qui se concentre sur des productions alternatives de théâtre et de musique. A côté de sa carrière, il pratique l'activisme bénévole auprès d'organismes culturels tels que MASKéNADA etc.

 




 

Publié dans Juillet 2008

Pour être informé des derniers articles, inscrivez vous :
Commenter cet article